D'elektronesch
Ënnerschrëft ass en Instrument dat et erlaabt, d'Integritéit vun engem
elektronesche Dokument ze garantéieren an den Auteur ze authentifizéieren, par
Analogie zu enger manueller Ënnerschrëft op engem Dokument op Pabeier.
No Artikel 1322-1 an Artikel 1322-2 vum Code Civil
huet d'elektronesch Ënnerschrëft déi nämmlecht Valeur wéi eng manuell
Ënnerschrëft fir all privaten Acte. Den Artikel 6 vum Gesetz vum 14. August
2000 iwwert den elektronesche Commerce gesäit vir datt eng elektronesch
Ënnerschrëft aus engem Ensemble vun Donnéeë besteet, déi indissociabel mam Acte
verbonne sinn, deen d'Integritéit garantéiert an d'Konditiounen am éischten Alinéa
vun dësem Artikel respektéiert. Sou ass d'elektronesch Ënnerschrëft nëmme
valabel wa si mat engem Zertifika vu LUXTRUST oder engem ähnlechen Zertifika zesummenhänkt, deen d’
Integritéit garantéiert.
Fir weider Informatiounen, konsultéiert d'Rubrik FAQ vu LuxTrust (op Däitsch).