Heefeg gestallte Froen

Kontaktéiert eis, wann Dir keng Äntwert op Är Fro op dëser Säit fannt.

Ech well main Konto läschen

Nodeems Dir Ierch bei Macommune ugemellt hudd, klickt op Ären Numm fir dass eng Lëscht optaucht, an där Dir "Mäi Konto" auswielen kënnt. Duerno braucht Dir nëmmen nach op "Läschen" nierwend dem Punkt "Kont" ze klicken.
Top

Ech wëll meng E-Mail-Adress änneren

Nodeems dir Ierch bei Macommune ugemellt hudd, klickt op Ären Numm fir dass eng Lëscht optaucht, an där Dir "Mäi Konto" auswielen kënnt. Duerno braucht Dir nëmmen nach op "Änneren" nierwend Ärer aaler E-Mail-Adress ze klicken fir se ze änneren.
Top

Ech hu meng TAN-Kaart verluer oder ech si geplënnert. Wéi geet dat?

Ech kontaktéieren de Populatiounsbüro vu menger Gemeng. Ech kréien eng nei TAN-Kaart geschéckt.

Soubal ech nom Verloscht vu menger Kaart oder nodeems ech geplënnert sinn eng nei TAN-Kaart kréien, aktivéieren ech se.


Top

Wat ass macommune.lu?

macommune.lu ass e Biergerportal mat enger ganzer Rei Servicer.

De Service ass a ganz ville Gemengen disponibel a gouf zesumme mat de Gemengefonctionnairen ausgeschafft. En erlaabt Iech, administrativ Demarchen op eng sécher an einfach Manéier ze maachen, andeems Dir d’Formulairen, déi Dir am Viraus ausgefëllt hutt, der Gemeng direkt zouschéckt.


Top

Ass meng Gemeng Member vun macommune.lu?

Fir de Moment stinn d'Servicer vu macommune.lu den Awunner vu 67 Gemengen zur Verfügung. Kontinuéierlech kommen nei Gemengen dobäi.

Konsultéiert d'Kaart fir ze kucken, ob Är Gemeng Member ass.

D'Staat Lëtzebuerg huet en eegene Site.


Top

Wéi kann ech vum Site profitéieren, wann meng Gemeng net Member vu macommune.lu ass?

Am Beräich „Meng Gemeng fannt Dir Informatiounen zu der Majoritéit vun de lëtzebuergesche Gemengen a Stied. Dëse Beräich ass fir all Internetnotzer zougänglech.
Top

Wéi kann ech vum Site macommune.lu profitéiere wann d'Gemeng an der ech wunnen net Member ass?

D'Sektioun "Meng Gemeng am Iwwerbléck" enthält Informatiounen iwwer déi meescht Gemengen a Stied zu Lëtzebuerg. Dëse Beräich ass fir all Internetnotzer accessibel.
Top

Matt wei engem Browser, Betribssystem oder Computertyp kënnen d'Servicer vu macommune.lu opgeruff ginn?

Den Internetsite « macommune.lu » ka mat allen aktuelle Browseren opgeruff ginn, dorënner:

  • Microsoft Internet Explorer, ab der Versioun 8
  • Firefox, ab der Versioun 10
  • Safari, ab der Versioun 5

Fir d'elektronesch Ënnerschrëft benotzen ze kënnen, muss déi rezentst Versioun vun Java installéiert sinn.

Dier kënnt op d'Servicer vun « macommune.lu » vun Ärem Smartphone (iPhone, Android, etc.) aus zougräifen an och vun den Applicatiounen vun « macommune.lu » profitéieren, déi speziell vir d'Plattformen iOS an Android entwéckelt goufen.


Top

Ech hunn den Aktivéierungscode vu mengem Kont verluer. Wat muss ech maachen?

Kontaktéiert w.e.g. de Populatiounsbüro vun Ärer Gemeng. Da kritt Dir eng nei TAN CARD geschéckt.


Top

Ech hu meng TAN Card verluer. Wat muss ech maachen?

Kontaktéiert w.e.g. de Populatiounsbüro vun Ärer Gemeng. Da kritt Dir eng nei TAN CARD geschéckt.


Top

Wéi wielen ech e séchert Passwuert aus?

Informatiounen iwwer d'Wiel an de korrekte Gebrauch vu Passwierder um Portal zur Sécherheit vun den Informatiounstechnologien (op Däitsch).


Top

Wat ass eng TAN Card?

D'TAN Card ass eng Kaart mat Ärem geheime Code. Matt dëser Kaart kënnt Dir Iech authentifizéieren an Är Online-Démarchen op macommune.lu bleiwe dobäi confidentiel. D'TAN Card gëtt Iech perséinlech vun Ärer Gemeng per Post heem geschéckt.


Top