Eng méi einfach Umeldung
Dank den neisten Entwécklungen si mir frou Iech matzedeelen, dass d’Umeldungsprozedur elo méi einfach ginn ass. Dir kennt Iech fir d’Servicer vu macommune.lu entweder iwwert Äre Luxtrust-Token oder iwwer d’Plattform vu MyGuichet umellen an dat ouni de Java-plugin vun Ärem Browser mussen ze benotzen. Fir Iech ännert sech näischt, an Dir braucht Iech keng Suerge méi em den Update vum Java-Programm ze maachen.
macommune.lu ass Partner vun der Campagne „Clever klicken“.
D’Internetuser mussen verstäerkt op déi ëmmer méi heefeg Bedruchsfäll am Internet oppassen.
D’Initiativ BEE Secure, ënnerstëtzt vum SIGI a
www.macommune.lu, huet hir nei Campagne “Clever klicken” gestart. D’Zil vun dëser Campagne ass et, d’User drop opmierksam ze maachen, fir déi néideg Moossnahme géint déi ëmmer méi grouss Unzuel vu Bedruchsfäll am Internet ze huelen. Dee beschten Antivirusprogramm ass nämlech näischt wäert, wann d’User net och perséinlech Precautiounen huelen, wéi beispillsweis d’Source vun engem Downloadlink ze kontrolléieren an net blannemännerches privat Informatioune präiszeginn. Weider Detailer fënnt een um Site
www.bee-secure.lu/clever-klicken.
Macommune.lu soutient la campagne « Get it. Use it. Like it. »
Plusieurs banques de la place ont choisi d’adopter le Token LuxTrust comme clé principale d’accès au web-banking.
Le SIGI, ensemble avec ses partenaires de CASES et du CTIE, soutient cette initiative en faveur de la sécurité et de la protection des données. Les utilisateurs qui ont plusieurs comptes bancaires dans des banques différentes pourront désormais utiliser le même identifiant LuxTrust qu’ils utilisent déjà pour leurs démarches administratives sur macommune.lu ou encore de myguichet.lu. Vous trouverez plus d’informations sur les sites de cases.lu et luxtrust.lu
Les procédures d’identification et d’authentification en vigueur actuellement sur macommune.lu restent inchangées.