• Carte du Grand-Duché

Certificat de vie

Beschreiwung

Dëse Service erlaabt Iech et eng Ufro bei Ärer Gemengeverwaltung ze maache fir en Zertifika ze kréien deen attestéiert datt Dir lieft.
Dësen Zertifika kann néideg si fir Pensiounskeesen oder Versécherungen.

Démarchen

Nom Schécken ass de Status vun Ärer Demande "Iwwermëttelt".

Wann e Fonctionnaire vun Ärer Gemeng Är Demande traitéiert, gëtt de Status op "En cours" gesat.

Wann Äert Dokument prett ass, gitt Dir per E-Mail an/oder SMS benoriichtegt. Äre Certificat de vie wäert am Guichet vun Ärer Gemeng disponibel sinn. Gitt w.e.g. op d'Gemeng, fir en ofzehuelen. De Status vun Ärer Demande gëtt op "Fäerdeg" gesat.

Opgepasst, wann d'Donnéeën an Ärer Demande ongülteg sinn, gëtt Är Demande refuséiert.

Zousätzlech Informatiounen

Fir weider Informatiounen iwwert dësen Téléservice gitt w.e.g. op dës Säit: guichet.lu

Op dës Démarche zougräifen