• Carte du Grand-Duché

Openthaltscertificat Indigenat

Beschreiwung

Dëse Service erlaabt Iech et eng Ufro bei Ärer Gemengeverwaltung ze maache fir en Openthaltszertifika Indigenat ze kréien.
Dësen ass nëmme fir Auslänner geduecht, speziell fir eng Naturalisatiounsufro (fir d'lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien).

Démarchen

Nom Schécken ass de Status vun Ärer Demande "Iwwermëttelt".

Wann e Fonctionnaire vun Ärer Gemeng Är Demande traitéiert, gëtt de Status op "En cours" gesat.

Wann Äert Dokument prett ass, gitt Dir per E-Mail an/oder SMS benoriichtegt. Den ugefrote Certificat wäert am Guichet vun Ärer Gemeng disponibel sinn an de Status vun Ärer Demande gëtt op "Fäerdeg" gesat.

De Certificat kascht 14€ (Taxe d'enregistrement 14.-€).

Opgepasst, wann d'Donnéeën an Ärer Demande ongülteg sinn, gëtt Är Demande refuséiert.

Zousätzlech Informatiounen

Fir weider Informatiounen iwwert dësen Téléservice gitt w.e.g. op dës Säit: guichet.lu

Op dës Démarche zougräifen