• Carte du Grand-Duché

Certificat Autorisation parentale

Beschreiwung

Dëse Service erlaabt Iech et eng Ufro bei Ärer Gemengeverwaltung ze maache fir eng Autorisatioun vun den Elteren ze kréien.
Dës Autorisatioun ass néideg fir engem mannerjärege Kand dat net vu sengen Eltere begleed ass et ze erlaben an d'Ausland ze reesen.

Démarchen

Är Ufro gëtt un de Populatiounsbüro vun Ärer Gemeng weidergeleet deen den Zertifika wäert ausstellen.
Wann Dir Är Ufro elektronesch ënnerschreift, kritt Dir d'Autorisatioun vun den Eltere per Post geschéckt. Wann Dir se kritt hutt, musst Dir se ënnerschreiwe fir datt se valabel ass.
Wann Dir Är Ufro net elektronesch ënnerschreift, da kritt Dir en E-Mail dee confirméiert datt den Zertika am Guichet vun Ärer Gemengeverwaltung disponibel ass. Dir musst dann dohinner goe fir d'Autorisatioun vun den Elteren ze ënnerschreiwe fir se kënne matzehuelen.

Zousätzlech Informatiounen

Fir weider Informatiounen iwwert dësen Téléservice gitt w.e.g. op dës Säit: guichet.lu

Op dës Démarche zougräifen