• Carte du Grand-Duché

Certificat Zesummestellung vum Stot

Beschreiwung

Dëse Service erlaabt Iech et eng Ufro bei Ärer Gemengeverwaltung ze maache fir en Zertifika iwwert d'Zesummestellung vum Stot ze kréien. Dësen Zertifika attestéiert d'Unzuel vu Persounen déi zesumme wunnen an de Stot zesummestellen.
Dësen Zertifika kann néideg sinn am Beräich vun de Steieren, fir d'Sozialversécherung, fir d'Geriicht oder fir den Office social.

Démarchen

Nom Schécken ass de Status vun Ärer Demande "Iwwermëttelt".

Wann e Fonctionnaire vun Ärer Gemeng Är Demande traitéiert, gëtt de Status op "En cours" gesat.

Wann Äert Dokument prett ass, gitt Dir per E-Mail an/oder SMS benoriichtegt. Dir kritt den ugefrote Certificat per Post geschéckt. De Status vun Ärer Demande gëtt op "Fäerdeg" gesat.

Opgepasst, wann d'Donnéeën an Ärer Demande ongülteg sinn, gëtt Är Demande refuséiert.

Zousätzlech Informatiounen

Fir weider Informatiounen iwwert dësen Téléservice gitt w.e.g. op dës Säit: guichet.lu

Op dës Démarche zougräifen