• Carte du Grand-Duché

Acte de naissance

Beschreiwung

Dëse Service erlaabt Iech et eng Copie vun engem Acte de Naissance bei der Gemengeverwaltung déi d'Gebuert enregistréiert huet unzefroen. Dës Copie kann néideg si fir verschidden administrativ Démarchë wéi:
- zivilt Bestiednis, Partenariat,
- Ufro fir Kannergeld,
- oder Ufro fir eng Aide au Logement.

Démarchen

Är Demande wäert un de Service vum Etat civil vun der Gebuertsgemeng geschéckt ginn. Nom Schécken ass de Status vun Ärer Demande « Iwwermëttelt ». Wann e Fonctionnaire vun Ärer Gemeng Är Demande traitéiert, gëtt de Status op « En cours » gesat. Wann Äert Dokument prett ass, gitt Dir per E-Mail an/oder SMS benoriichtegt. Ären Acte de naissance gëtt Iech esou séiwer wéi méiglech per Post geschéckt. Är Demande huet de Status «Fäerdeg». 

Zousätzlech Informatiounen

Fir weider Informatiounen iwwert dësen Téléservice gitt w.e.g. op dës Säit: http://www.guichet.public.lu/fr/citoyens/certificats/etat-civil-authentification/etat-civil/acte-naissance/index.html

Op dës Démarche zougräifen