• Carte du Grand-Duché

Acte de décès

Beschreiwung

Dëse Service erlaabt Iech et eng Copie vun engem Acte de Décès bei der Gemengeverwaltung déi den Doudesfall enregistréiert huet unzefroen. Dës Copie kann néideg si fir verschidden administrativ Démarchë wéi:
- Ufro fir eng Iwwerliewenspensioun,
- Testamentsexekutioun,
- oder Organisatioun vun engem Begriefnis.

Démarchen

Är Demande wäert un de Service vum Etat civil vun der Stiewensgemeng geschéckt ginn.
Nom Schécken ass de Status vun Ärer Demande "Iwwermëttelt".
Wann e Fonctionnaire vun Ärer Gemeng Är Demande traitéiert, gëtt de Status op "En cours" gesat.
Wann Äert Dokument prett ass, gitt Dir per E-Mail an/oder SMS benoriichtegt. Ären acte de décès gëtt esou séiwer wéi méiglech per Post geschéckt. Är Demande huet de Status "Fäerdeg".
Remarque: Dir kënnt dës Demande just online maachen, wann d'Gebuertsgemeng op macommune.lu vertrueden ass. Ass dat net de Fall, da wennt Iech w.e.g. un d'Administratioun vun der jeeweileger Gemeng.

Opgepasst, wann d'Donnéeën an Ärer Demande ongülteg sinn, gëtt Är Demande refuséiert.

Zousätzlech Informatiounen

Fir weider Informatiounen iwwert dësen Téléservice gitt w.e.g. op dës Säit: guichet.lu

Op dës Démarche zougräifen