Heefeg gestallte Froen

Kontaktéiert eis, wann Dir keng Äntwert op Är Fro op dëser Säit fannt.

Ech well main Konto läschen

Nodeems Dir Ierch bei Macommune ugemellt hudd, klickt op Ären Numm fir dass eng Lëscht optaucht, an där Dir "Mäi Konto" auswielen kënnt. Duerno braucht Dir nëmmen nach op "Läschen" nierwend dem Punkt "Kont" ze klicken.
Top

Ech wëll meng E-Mail-Adress änneren

Nodeems dir Ierch bei Macommune ugemellt hudd, klickt op Ären Numm fir dass eng Lëscht optaucht, an där Dir "Mäi Konto" auswielen kënnt. Duerno braucht Dir nëmmen nach op "Änneren" nierwend Ärer aaler E-Mail-Adress ze klicken fir se ze änneren.
Top

Ech hu meng TAN-Kaart verluer oder ech si geplënnert. Wéi geet dat?

Ech kontaktéieren de Populatiounsbüro vu menger Gemeng. Ech kréien eng nei TAN-Kaart geschéckt.

Soubal ech nom Verloscht vu menger Kaart oder nodeems ech geplënnert sinn eng nei TAN-Kaart kréien, aktivéieren ech se.


Top

Wat ass macommune.lu?

macommune.lu ass e Biergerportal mat enger ganzer Rei Servicer.

De Service ass a ganz ville Gemengen disponibel a gouf zesumme mat de Gemengefonctionnairen ausgeschafft. En erlaabt Iech, administrativ Demarchen op eng sécher an einfach Manéier ze maachen, andeems Dir d’Formulairen, déi Dir am Viraus ausgefëllt hutt, der Gemeng direkt zouschéckt.


Top

Ass meng Gemeng Member vun macommune.lu?

Fir de Moment stinn d'Servicer vu macommune.lu den Awunner vu 67 Gemengen zur Verfügung. Kontinuéierlech kommen nei Gemengen dobäi.

Konsultéiert d'Kaart fir ze kucken, ob Är Gemeng Member ass.

D'Staat Lëtzebuerg huet en eegene Site.


Top

Wéi kann ech vum Site profitéieren, wann meng Gemeng net Member vu macommune.lu ass?

Am Beräich „Meng Gemeng fannt Dir Informatiounen zu der Majoritéit vun de lëtzebuergesche Gemengen a Stied. Dëse Beräich ass fir all Internetnotzer zougänglech.
Top

Wéi kann ech vum Site macommune.lu profitéiere wann d'Gemeng an der ech wunnen net Member ass?

D'Sektioun "Meng Gemeng am Iwwerbléck" enthält Informatiounen iwwer déi meescht Gemengen a Stied zu Lëtzebuerg. Dëse Beräich ass fir all Internetnotzer accessibel.
Top

Matt wei engem Browser, Betribssystem oder Computertyp kënnen d'Servicer vu macommune.lu opgeruff ginn?

Den Internetsite « macommune.lu » ka mat allen aktuelle Browseren opgeruff ginn, dorënner:

  • Microsoft Internet Explorer, ab der Versioun 8
  • Firefox, ab der Versioun 10
  • Safari, ab der Versioun 5

Fir d'elektronesch Ënnerschrëft benotzen ze kënnen, muss déi rezentst Versioun vun Java installéiert sinn.

Dier kënnt op d'Servicer vun « macommune.lu » vun Ärem Smartphone (iPhone, Android, etc.) aus zougräifen an och vun den Applicatiounen vun « macommune.lu » profitéieren, déi speziell vir d'Plattformen iOS an Android entwéckelt goufen.


Top

Ech hunn den Aktivéierungscode vu mengem Kont verluer. Wat muss ech maachen?

Kontaktéiert w.e.g. de Populatiounsbüro vun Ärer Gemeng. Da kritt Dir eng nei TAN CARD geschéckt.


Top

Ech hu meng TAN Card verluer. Wat muss ech maachen?

Kontaktéiert w.e.g. de Populatiounsbüro vun Ärer Gemeng. Da kritt Dir eng nei TAN CARD geschéckt.


Top

Wéi wielen ech e séchert Passwuert aus?

Informatiounen iwwer d'Wiel an de korrekte Gebrauch vu Passwierder um Portal zur Sécherheit vun den Informatiounstechnologien (op Däitsch).


Top

Firwat soll ech mäi Produit vu Luxtrust mat mengem Kont vu maCommune.lu associéieren?

D'Produite vu LuxTrust erlaben et, Iech méi séier mat Ärem macommune.lu-Kont ze verbannen. Dobäi musst Dir just ee PIN-Code verhalen, während d'TAN Card 16 Zeechen huet.

Matt der Smartcard an dem Signing Stick kënnt Dir en plus Är elektronesch Ënnerschrëft benotzen. (D'elektronesch Ënnerschrëft kann net fir all Démarche benotzt ginn.)


Top

Wéi kann ech mäi Produit vu Luxtrust mat mengem Kont vu « maCommune.lu » associéieren?

Aktivéiert fir d'éischt Äre Kont (just mat Ärer TAN Card méiglech). Connectéiert Iech dann via den entspriechende Link mat Ärem Produit vu LuxTrust.


Top

A propos vun der Smartcard

D'Smartcard vu LuxTrust ass eng Chipkaart am Kreditkaarteformat. Si gëtt mat engem Kaartelieser benotzt, den un Äre Computer ugeschloss gëtt. Dës Authentifikatioun erlaabt Iech Är Demanden elektronesch ze signéieren.

Fir weider Informatiounen, konsultéiert d'Rubrik FAQ vu LuxTrust (op Däitsch).


Top

A propos vum Signing Stick

Dë Signing Stick LuxTrust gläicht engem USB-Stick, mä kann net benotzt gi vir Daten ofzespäicheren. Dës Authentifikatioun erlaabt Iech Är Demanden elektronesch ze signéieren.

Fir weider Informatiounen, konsultéiert d'Rubrik FAQ vu LuxTrust (op Däitsch).


Top

A propos vum Token

Dën Token vu LuxTrust ass e klengen Apparat, den, wann Dir op de Knäppchen dréckt, eng Zuelekombinatioun affichéiert mat där Dir Iech umelle kënnt. Dës Authentifikatioun erlaabt Iech net Är Demanden elektronesch ze signéieren.

Fir weider Informatiounen, konsultéiert d'Rubrik FAQ vu LuxTrust (op Däitsch).


Top

A propos vun der Authentifikatioun per SMS

Wann Dir wëllt, kënnt Dir Iech een eenzegaartege Code per SMS zouschécke loossen, vir Iech unzemellen.

Fir weider Informatiounen, konsultéiert d'Rubrik FAQ vu LuxTrust (op Däitsch).


Top

Wat ass eng TAN Card?

D'TAN Card ass eng Kaart mat Ärem geheime Code. Matt dëser Kaart kënnt Dir Iech authentifizéieren an Är Online-Démarchen op macommune.lu bleiwe dobäi confidentiel. D'TAN Card gëtt Iech perséinlech vun Ärer Gemeng per Post heem geschéckt.


Top

Wat ass d'elektronesch Ënnerschrëft?

D'elektronesch Ënnerschrëft ass en Instrument dat et erlaabt, d'Integritéit vun engem elektronesche Dokument ze garantéieren an den Auteur ze authentifizéieren, par Analogie zu enger manueller Ënnerschrëft op engem Dokument op Pabeier.

No Artikel 1322-1 an Artikel 1322-2 vum Code Civil huet d'elektronesch Ënnerschrëft déi nämmlecht Valeur wéi eng manuell Ënnerschrëft fir all privaten Acte. Den Artikel 6 vum Gesetz vum 14. August 2000 iwwert den elektronesche Commerce gesäit vir datt eng elektronesch Ënnerschrëft aus engem Ensemble vun Donnéeë besteet, déi indissociabel mam Acte verbonne sinn, deen d'Integritéit garantéiert an d'Konditiounen am éischten Alinéa vun dësem Artikel respektéiert. Sou ass d'elektronesch Ënnerschrëft nëmme valabel wa si mat engem Zertifika vu LUXTRUST oder engem ähnlechen Zertifika zesummenhänkt, deen d’ Integritéit garantéiert.

Fir weider Informatiounen, konsultéiert d'Rubrik FAQ vu LuxTrust (op Däitsch).


Top

Wéi ginn meng perséinlech Donnéeë geschützt?

Eis Solutioun ass op d'Authentifikatioun vu LuxTrust baséiert a garantéiert doduerch en héiche Sécherheetsniveau.


Top