Certificat Autorisation parentale

Beschreiwung

Dëse Service erlaabt Iech et eng Ufro bei Ärer Gemengeverwaltung ze maache fir eng Autorisatioun vun den Elteren ze kréien.
Dës Autorisatioun ass néideg fir engem mannerjärege Kand dat net vu sengen Eltere begleed ass et ze erlaben an d'Ausland ze reesen.

Démarchen

Nom Schécken ass de Status vun Ärer Demande "Iwwermëttelt".

Wann e Fonctionnaire vun Ärer Gemeng Är Demande traitéiert, gëtt de Status op "En cours" gesat.

Wann Äert Dokument prett ass, gitt Dir per E-Mail an/oder SMS benoriichtegt. Är Autorisation parentale wäert am Guichet vun Ärer Gemeng disponibel sinn a kascht 1,- EUR. De Status vun Ärer Demande gëtt op "Fäerdeg" gesat. Fir Äert Dokument ze kréien, musst Dir op der Gemeng laaschtgoen an et ënnerschreiwen.

Opgepasst, wann d'Donnéeën an Ärer Demande ongülteg sinn, gëtt Är Demande refuséiert.

Zousätzlech Informatiounen

Fir weider Informatiounen iwwert dësen Téléservice gitt w.e.g. op dës Säit: guichet.lu

Op dës Démarche zougräifen