Gutt ze wëssen
Gemengen, déi 7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24 zougänglech sinn
D'Gemengewalen den 9. Oktober 2011 zu Lëtzebuerg maachen d'Wieler op d'Bedeitung vum lokale Gemengeliewen, der éischter Etapp vun der Demokratie, opmierksam.
Mä d'Liewen an enger Gemeng bedeit och, datt lokal Informatiounen, Fotoen, Videoen... a virun allem administrativ Démarchë fir d'Wunneng, de Stot, d'Veräiner, Manifestatiounen an Diskussiounen ënnert Matbierger néideg sinn.
MaCommune.lu ass d'Äntwert vun Ärer Gemeng, vun hire gewielte Vertrieder an hire Beamten, fir dës Besoine besser ze erfëllen.
MaCommune.lu ass e gratis Service, deen iwwer Internet zougänglech ass, entweder iwwert Äre Computer doheem, op der Aarbecht oder an der Vakanz, oder iwwert Ären intelligenten Telefon ("iPhone" a muer Android). Dir kënnt och kuerz Informatiounen aus der Gemeng per SMS op egal wat fir en Handy iwwer sms2citizen kréien.
Wéi benotzen ech MaCommune.lu?
Eng Starthëllef an oft gestallte Froen („FAQ“)
Liest w.e.g. d'Rubrik Hëllef-FAQ, déi Dir ganz ënnen op der Startsäit fannt.
Liest och w.e.g. d'allgemeng Benotzungsbedingungen ënnen op der Startsäit.
Schreift Iech a fir e personaliséierte Service
Fir e personaliséierte Service ze kréien, muss et méiglech sinn ze kontrolléieren, datt Dir déi eenzeg Persoun sidd, déi Zougang zum Espace vun den administrativen Démarchen, zu Ärem Kont asw. huet. Dat ass méiglech mat der "Tancard", déi Dir vun Ärer Gemeng kritt. Wann Dir dës Kaart net, kritt hutt, dann zéckt net fir Iech anzeschreiwen, fir esou séier wéi méiglech dovunner kënnen ze profitéieren.
Geschwë wäerten och Identifikatiounen an Authentifikatiounen iwwer LuxTrust méiglech sinn.