Raymond Sinnen, bourgmestre de Reckange-sur-Mess
sms2citizen pour téléphone mobile

sms2citizen permet l’envoi de messages courts par une commune sur n’importe quel téléphone mobile, sans frais, sur la base d’un abonnement volontaire, tour tel ou tel thème d’information. Il est résiliable à tout instant.
Une économie sensible des frais de diffusion de l’administration communale en résulte ainsi qu’une meilleure réactivité aux événements.
Pour lire cet article dans son intégralité, voir SIGIview, édition 3-2009
Joseph Schmit, secrétaire communal de la ville de Dudelange
Un fonctionnaire communal valorisé dans son travail

L’administration communale de 400 collaborateurs de cette ville du sud s’implique quotidiennement dans le projet SIGILive, ensemble des programmes visant à améliorer non seulement la relation avec les élus et citoyens (MaCommune.lu) mais aussi le fonctionnement interne ou intercommunal (« Intranet SharePoint ») et la gestion des finances (« GESCOM »). Ces novations sont étroitement coordonnées avec les ministères du Grand-Duché.
Ces changements ont une influence sur la perception du fonctionnaire local qui devient un accompagnateur, un facilitateur de la vie du citoyen, plus attentif à ses exigences en étant moins accaparé par les tâches d’exécution quotidiennes.
Pour lire cet article dans son intégralité, voir SigiVIEW, édition 1-2011
Octavie Modert
Ministesch vun der administrativer Vereinfachung beim Statsminister

Enn 2011 benotzen d'Awunner vu méi wéi foffzeg Gemengen d'Teleservicer vu macommune.lu. Ass Lëtzebuerg prett fir d'administrativ Prozeduren am Groussherzogtum ze vereinfachen an eng richteg "E-Regierung" anzeféieren? D'Dimensioun vun de Gemengen ass sécher manner komplex wéi déi vum Stat a senge ville Ministèren. Dësen nationalen Niveau soll awer och op eng coordonéiert Aart a Weis ofgedéckt ginn. Déi zwou fundamental Instanzen macommune.lu a guichet.lu, an enker Zesummenaarbecht, mussen et de Bierger an de Firmaen erlaben hir administrativ Démarchë séier an einfach ze maachen.
Och wa Lëtzebuerg déi néideg technesch Kompetenzen huet, sou mussen awer d'Prozeduren an an tëschent den nationale Verwaltungen an de Gemengeverwaltungen, an d'Interaktioune fir online Servicer ze proposéieren déi méi efficace, méi séier a méi einfach ze geréiere sinn, ganz genau definéiert ginn. Dat ass d'organisatoresch a mënschlech Herausfuerderung vun dësem Projet vun "e-Regierung", deen d'europäesch Kommissioun als beispillhaft ugesäit.
En anere Virdeel vun den administrative Guicheten online ass d'Méisproochegkeet, déi an engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg net ewechzedenken ass: guichet.lu ass fir d'Bierger op Franséisch an Däitsch zougänglech a geschwënn och op Lëtzebuergesch. De Volet fir d'Firmaë gëtt op Englesch a Franséisch affichéiert. Macommune.lu, disponibel op fënnef Sproochen, ass e wichtege Garant fir d'gutt Integratioun vun auslännesche Matbierger. Si hu sou d'Méiglechkeet hirt neit Land an d'lëtzebuergesch Sprooch besser ze verstoen. An dëser Hisiicht kéint de Projet www.lod.lu (de Lëtzebuerger Online Dictionnaire) nëtzlech an de Portal macommune.lu integréiert ginn an esou d'Begeeschterung fir eis Sprooch an eis Kultur, déi esou flott op dësem Site ënnerstrach ginn, encouragéieren.
Fir dësen Artikel komplett ze liesen, kuckt SIGIview, Editioun Dezember 2011, Foto Titelsäit.
«Den Interêt vun ons all ass dat et ons geléngt, d’Administratioune mat de Bierger mateneen ze verbannen»
Här Gambucci, de Syndicat intercommunal de gestion informatique (Sigi) ass ee wichtegen Acteur fir d’Gemengen déi dovun Membere sinn. Wat sinn dan eigentlech dem Sigi seng Missiounen?
«Mir offréiere verschidde Servicer rondrëm d’Gemengeverwaltung un déi 103 Gemengen déi Member beim Syndikat sinn: d’Comptabilitéit, d’Verwaltung vun den techneschen Servicer, d’Facturatioun, d’Verwaltung vun der Populatioun an den État civil. Ee vun deene siichtbarste Servicer fir de Bierger ass Macommune.lu. Fir d’Bild komplett ze maachen, mir sinn den Dréipunkt vum IT management vun de Chèque Servicer. Den Här Majerus, deen de Projet am Familljeministère gedroen huet, hat ons ugesprach fir dat mir hinnen bei der konkreter Organisatioun an der Ëmsetzung vun de kommunalen Prozesser rondrem d’Chèque Servicer an de Maisons Relaisen hëllefen. De System ass am Mäerz 2009 a Produktioun gesat ginn.
Elo um Enn vun dësem Mount November, integréiere mir offiziell Luxtrust an eis Systemer, an erlaben de Bierger, de Fonctionnaire an de Gewielten, ee solide System fir d’Identifikatioun an d’elektronesch Ënnerschreft ze gebrauchen.
Op der Basis vun dëzen Instrumenter biede mir eng Hëllef fir d’kommunal Fusiounen, de Fonctionnement vun de soziale Bureauen um nationale Niveau, d’Verwaltung vun deene meeschte Syndikater, a fir eisen Tutels-Ministère bei der Aféierung vum neie kommunale Kontabilitéitsplan, vun der Finanzplanifikatioun iwwer méi Joeren. An dëse Secteure assuréiere mir natierlech d’Formatioun an d‘Kollaboratioun mat der Inap (Institut national d’administration publique, Note vum Lieser.), de Beruffsaccompagnement vun onsen Agenten am Déngscht vum Bierger duerch ee personaliséierten Encadrement.
De Macommune.lu gouf Enn 2010 an zwou Versichs-Gemenge lancéiert. Wéi weit si Dir haut domatter?
«Wat am Privatsecteur valabel ass, gëllt och fir ons … Anescht gesot, d’Ausbreedung an d’Adoptiounsvitesse vun enger Léisung ass en Haaptelement vun sengem Succès. An nëmmen ee puer Méint hu mir 55 Gemengen vum Gebrauch vu Macommune.lu iwwerzeegt. Dat ass eng genügend kritesch Mass fir d’Iwwerliewen an den zukünftegen Developpement vun der Léisung. Op déi 260.000 Persounen déi kinnte betraff sinn, sinn haut ongeféier 30.000 aktiv Benotzer… Dat kann no wéineg ausgesinn an absoluten Zuelen. Awer a relativen Zuele mëcht dat méi wéi 10%, wat enorm ass wann een d’Europäesch Benchmarke kuckt! Déi 170.000 elektronesch Ufroen déi duerch Macommune.lu gemaach goufen hunn déi selwecht Zuel vun Déplacementer verhënnert. Dat ass nëmmen den Ufank vum Succès fir ons Ëmwelt.
Allgemeng gesinn ass Macommune.lu e Moyen fir un engem globalen demokrateschen Environnement deelzehuelen. Mir offréieren eng interaktiv Léisung déi et de Bierger an de Gemengen erlaabt méi gemelleg mateneen ze schaffen.
Mir sinn an engem System mat dräi verschidde Parteien. De Bierger huet Besoinen a freet Servicer. D`Gemengepersonal hëlleft d’Ufroen ze beäntweren an auszeféieren. Dee Gewielten sinn verantwortlech fir de Succès vun den Aktiounen vun hirer Administratioun beim Bierger a fir dëse Succès ze moossen. Am Fong ass Macommune.lu d’Verlängerung fir de Bierger vum Gemengen-ERP, mat Zougang zu sengen Daten, esou dat d’Fonctionnairen handele kënnen an dat d’Schëffen un hir d’Decisiounsinstrumenter erukommen.
Dir hutt eng grouss Zäit vun Ärer Carrière am Privatsecteur verbruecht, wat huet dat Iech bruecht?
«Meng Beruffserfahrung bei ArcelorMittal begräift eng gewëssen Zuel vu Prinzipien an Aarbechtsmanéieren déi ech versicht hu mat ze bréngen. Fir d’aller Éischt muss ee mol d’Ambitioun hunn, den Allerbeschten, de sougenante « best in class » ze sinn. Zu Lëtzebuerg ass et bestëmmt net onbedéngt einfach u grouss Moyenen erun ze kommen … Fir déi selwecht Besoinen kréien aner Länner verzéngfacht Moyenen. Mee bei ons ass d’Aarbecht vereinfacht well mer kuerz Weeër hunn an einfach un d’Haaptacteuren eru kommen.
Doduerch dass ech direkt un d‘General Direktioun hu reportéiert, genee gesot un de Finanzdirecter, hunn ech och geléiert meng Depensen ze geréieren andems ech niichter awer orientéiert sinn. Fir dat ze maache muss een andauernd déi verschidde Prozesser vum Beruff nei iwwerdenken an optimiséieren. An anere Wierder, ech versiche meng Reflexer aus der Industrie an dem Privatsecteur um Niveau vum ëffentleche Secteur z‘applizéieren.
Ons Budgeten, ons Weis fir d’Geld auszeginn, musse wirtschaftlech gesinn kompetitiv sinn am Verglach mat deem wat sech um Maacht mëcht. Verglach mat dem Prix de revient vun anere Strukture muss ee sech bewosst sinn, dat mir eng ganz aner Marge de manœuvre hunn wéinst de Fonctionnements Contrainte vun enger ëffentlecher Administratioun, Soumissiounen, Engagementer, Genehmegungszäiten... Et kann ee sech explizéiere wéi ee wëllt, um Enn vum Dach sinn et d'Resultat an d’Käschten déi zielen.
Ganz am Ufank war ëm Sigi séin ‘Haaptproduct’ de Gescom, ee Gestiounsinstrument fir d’Gemengen...
«Jo, an an 2008 hu mir nach de gréissten Deel vun onsen Efforte consacréiert fir en ze stabiliséieren an d’Gestioun ze centraliséieren… Dëst Instrument ass reif, stabil an adaptéiert un den Zweck. Mir stellen trotzdem fest dat d‘Ufroe fir d’Ännerung enorm eropginn mat der Adoptioun vun all de Fonctioune vum Outil: Projetsmanagement, analytesch Kontabilitéit, Gestioun vum Stock…an esou weider. Dësen Impakt ass ënner anerem och zréckzeféieren op d’Decisiounsinstrumenter fir de finanzielle reporting an d’Leeschtung déi mir ageféiert hunn fir de Gewielten z‘erlaben, eng Gesamtvue iwwert all d’Variabelen ze kréien déi een Impact op hire Gemengeberuff hunn. Et sinn si déi vun hire Fonctionnairen nach ee méi komplette Suivi verlaangen fir hir Fournisseuren, hir Projeten, hir Finanzen, hiert Personal an hir Dotatiounen nach besser kënnen ze managen.
D’Resultat ass eng méi hell Decisioun. Zousätzlech gesin sinn d’Portée vun hiren Decisioune méi schnell. Schlussendlech hunn ons Clienten en Inhalt an der Hand deen esou gutt analytesch ewéi prädictiv ass. Vill Projeten sinn an de Kader vu méijärege Pläng integréiert. Andeems mir de Schëffen eng Vue op d’Zukunft erméiglechen, erlabe mir hinnen, déi verschidden Decisioune besser op d’Wo ze leeën. Ee Gemengeroot ka méi schnell handele wann ee ka synthétiséiert Zuele kucken a Plaatz iwwert ee Koup verschidden verspreeten Haushaltspläng iwwerléen ze mussen. Do ass och de Moment fir déi excellent Zesummenaarbecht mat de Finanzexperten aus de Gemengen a vun onsem Tutels-Ministère z’ennersträichen, déi dësen decisive Schrëtt an eng méi plangbar Zukunft erméiglecht hunn.
Dir hutt en plus vun de Gemenge nach mat villen aneren Gespréichspartner ze dinn … Déi verschidde Ministèren oder de CTIE (Centre des Technologies de l’Information de l’État) sinn och Partneren déi ‘imposéiert’ goufen ...
«Mir sinn eng Administratioun un déi d’Gemengen d’Gestioun vun hirer Informatik delegéiert hunn. Also brauchen si ons fir ze fonctionnéieren. Et ass ee Fait dat mir déi selwecht Roll fir si spillen ewéi ons Freeën vum CTIE fir de Staat an d’Ministèren. Dat ass dann och de Grond firwat mir ons regelméisseg gesinn. D’Ziel vun dëse Reuniounen ass d’Manéier wéi mir d’Dossieren uginn festzeleeën, am Interêt vum Bierger. Mir coordinéieren ons fir eng eenzeg Léisung fir Lëtzebuerg virzeschloen an net méi Léisungen déi sech onnëtzerweis géigesäiteg Konkurrenz maachen.
Den Interêt vun ons all ass dat mir d’Administratioune mat de Bierger mateneen verbannen. Stellt Iech en Dossier fir den d’Interventioun vun zwou Gemengen an zwee Ministère braucht. Et huet kee Sënn dat de Bierger eng no der aner véier verschidde Demarche maache muss fir dat séin Dossier weidergeet. Hie muss een Agangspunkt hunn fir séi Besoin auszedrécken. Da muss hien d’Progressioun vum Dossier kënne befollechen, eng Etapp no der anerer. An duerfir musse mir déi ganz Optimisatiounsaarbecht maachen.
D’Redundanzfacteure musse gesicht an eliminéiert ginn. Wann een sech u seng Administratioun connectéiert, da mussen déi bekannten Daten – natierlech am Respekt vun de Regelen vum CNPD (Dateschutz, Note vum Lieser) – zur Verfügung stoen an d’muss ee just nach ausfëllen wat nach feelt fir seng Ufro ze lancéieren. Déi attachéiert Dokumenter an d’Ënnerschreften sinn nëmmen Elementer déi d’Ufro komplett maachen mam Ziel en Deplacement ze verhënneren an engem d’Transparenz am Ausfëllen vum Prozess ze ginn.
Et ass och aus deem Gronn dat mir Luxtrust adoptéieren. Et ass ee gudden normaliséierte Moyen fir d’Identifikatioun, awer virun allem fir d’Ënnerschreft vun de Benotzer mat als Resultat, eng Vereinfachung vun den Transaktiounen.
Mir schaffen also net an enger Optik vu Konkurrenz méi vu Complémentaritéit mat aneren Akteuren aus dem ëffentleche Secteur. Wéi ee Riedchen an engem globale System dat fir dem Bierger séin Benefice agesat gëtt.»
PARCOURS – Ëmmer fir d’Kollektivitéit do
No senge Studien am Lycée de Garçons zu Esch-Uelzecht huet de Carlo Gambucci, haut 47 Joer, eng Maîtrise an der Informatik a Gestioun un der Universitéit vu Nanzeg 2 gemaacht. Hien huet seng Carrière ugefaang bei dem wat deemools nach d’Arbed war, als Responsabel fir d’Netzwierker. «Dono hunn ech fir d’Informatik um Niveau corporate geschafft, seet hien. Bei all deene Fusioune vum Groupe déi dono koumen, sief et fir d’Arbed-Aceralia, d’Arcelor oder d’ArcelorMittal, et ass ëmmer drëm gaang, den Departementer ze hëllefen bei der Konsolidatioun, dem Controlling, de Finanzen, dem M&A an dem Audit an der Konsolidatioun vun den Daten vun de Filialen aus aller Welt. Dat gouf alles op enger zentraliséierter Plattform duerchgezunn, mat 50.000 Benotzer, am ‘Château Arbed’, avenue de la Liberté.»
Am September 2007 huet hie bei Sigi eriwwer gewiesselt. «Ech hu mir d’Fro gestallt op ech engem Patron eppes brénge wëllt oder mengem Land. De Sigi ass ee Produktivitéitsvecteur fir ons d’Land, andeems hien d’Elementer bréngt fir d’Grondlag vum elektroneschen Austausch zwëschen dem Bierger an der Administratioun. Ech hunn doran en enorme Potential fir d’administrativ Vereinfachung gesinn, dofir hunn ech mech entscheed, hei hinner ze kommen.»
Source: Paperjam
1. Dezember 2011
A senger Wëllkommensusprooch huet den Yves Wengler, President vum SIGI, kuerz d'Geschicht vum Syndikat säit senger Grënnung 1982 Revue passéiert. Haut si 94 vun den 106 Gemengen (déi no de Fusiounen den 1.1.2012 bestoë bleiwen) Membere vum Syndikat. Hien ass e Partner vun de Ministèrë ginn, virun allem vum Inneministère, vum Logementsministère, vum Familljeministère a vum Wirtschaftsministère, fir d'national Politiken op lokalen Niveau ëmzesetzen. Säit dem Ufank an deem et haaptsächlech ëm Verwaltungshëllefe gaang ass, hu vill Applicatiounen et méiglech gemaach d'Servicer fir d'Bierger ze verbesseren, bis hin zu macommune.lu, d'Plattform fir d'Interaktioun tëschent de Bierger an hirer lokaler Administratioun. E groussen Investissement, 25.000 Deeg/Persoun ginn all Joer an d'Entwécklung an de Perfectionnement vun den Applicatiounen investéiert. Zum Schluss huet den Yves Wengler un d'Erausfuerderungen erënnert mat deenen d'Gemenge confrontéiert sinn, dorënner virun allem déi sozial an ökologesch Erausfuerderungen, souwéi och d'Erwaardunge vun de Bierger, déi ëmmer méi grouss ginn. Fir déi politesch Verantwortlech bedeit de schwierege wirtschaftleche Kontext virun allem eng besser finanziell Gestioun vun de Gemengen, fir déi eng nei Hëllef vun 2012 u wäert operationell sinn.
Dono huet de Georges Kioes, de Verantwortleche vum ëffentleche Secteur bei Deloitte, eng Bestandsopnam vun der e-Gouvernance an Europa gemaach. Op der Basis vu rezente Statistiken huet den Här Kioes den Décalage tëschent dem Zougang zu Internet a senger deeglecher Benotzung an de Relatiounen tëschent de Bierger an de Verwaltungen ënnerstrach, wëll Firmaë méi séier e-Servicer adoptéiere wéi Privatleit. Fir Privatleit ass d'Benotzung ze oft op d'Informatioun beschränkt, ouni vun de Méiglechkeete vun der Interaktioun ze profitéieren. D'Offer, d'Ergonomie an d'Einfachheet vun der Benotzung sinn d'Haaptelementer fir de Bierger ze iwwerzeegen. Dëse muss seng Virdeeler a seng Zäiterspuernis verstoen. An dësem Kontext wäerte mobil Applicatiounen op Smartphones an Tablet an Zukunft eng grouss Roll spillen. A ganz Europa gi Milliarden dofir investéiert a wäerten ufänken hir Friichte wat Rentabilitéit ubelaangt ze droen. Zum Beispill: de Potential fir Erspuernisser deen d'Europäesch Zentralbank identifizéiert huet fir de Fall datt d'elektronesch Facturatioun agefouert gëtt läit bei 0,8% vum PIB! Lëtzebuerg hat tëschent 2008 an 2010 e relative Retard a senger Evolutioun an ass vun der 10. op déi 17. Plaz an Europa gerutscht. Als "bescht vun der Klass" huet den Här Kioes virun allem d'Vereenegt Kinneksräich a Spuenien zitéiert.
De Carlo Gambucci, Direkter vum SIGI, huet seng Usprooch mat enger Fro ugefaang: si mir prett fir dës Erausfuerderungen unzehuelen? Et ass kloer datt eng Gemeng vun e puer Dausend Awunner net déi nämmlecht Ressourcë wéi Stied wéi London oder Paräis zur Verfügung stelle kann. Déi eenzeg Manéier fir déi kritesch Mass ze erreeche bleift d'Zesummeschléissung vun de Kräften, wéi de SIGI et fir sämtlech Gemenge mécht. E kuerzen Iwwerbléck huet gewise wéi déi modern Telekommunikatiounen eis Gewunnechten a Beräicher wéi der Bank, dem E-Commerce oder der Organisatioun vu Reesen, asw. scho geännert hunn. SMS an E-Mail sinn iwwerall, Bréiwer ginn eng Seltenheet. Et ass d'Offer déi d'Benotzung generéiert. Hien huet déi nei gewielte Vertrieder drun erënnert datt si d'Moteure vun der Verännerung sinn an datt si mussen drop oppasse fir gutt ze kommunizéieren an déi nei Servicer vis-à-vis vum Bierger ze valoriséieren. De Carlo Gambucci huet och d'fundamental Roll vun de Beamten an dësem Prozess ënnerstrach, déi musse Botschafter vun der Verännerung sinn, d'Bierger décrispéieren a motivéiere fir se ze benotzen, well si schlussendlech déi grouss Gewënner sinn. Wat méi administrativ Aarbecht automatiséiert ka ginn, wat si méi Zäit fir d'Bierger hunn, fir hinnen nozelauschteren a si ze beroden. De Carlo Gambucci huet dono déi vill Méiglechkeete virgestallt déi dat neit Hëllefsinstrument fir d'Verwaltung fir finanziell Analys offréiert. Ausser de Previsiounsplange fir den Inneministère, gëtt hien de gewielte Vertrieder e finanziellen Tableau de Bord deen et hinnen erméiglecht d'Risiken ze reduzéieren, d'Ausgaben ze verwalten an d'Recetten ze kontrolléieren. Si kënnen dann d'Efficacitéit vun hiren Efforten op Basis vun objektiven a comparabele Critèrë vergläichen an iwwerwaachen.
Zum Schluss huet de Carlo Gambucci de gewielte Vertrieder Rendezvous gi fir d'nächst Joer den 30. Gebuertsdag vum Syndikat ze feieren.
Communiqué (29.11.2011)

De Wirtschafts- an Aussenhandelsminister Jeannot Krecké huet den 29. November 2011 d’Méiglechkeet matgedeelt, mat LuxTrust Accès op de Site macommune.lu ze kréien. Fir d’administrativ Säit ze vereinfachen kënnen d’LuxTrust Abonnenten sech un de Site macommune.lu mat dem selweschte Sëcherheetsgrad wéi un de Guichet.lu oder hire Bankkonto connectéieren, woubäi de Schutz an d’Confidentialitéit vun hire perséinlechen Daten garantéiert ass.
D’Umeldungsprozedur fir a macommune.lu eranzekommen ass extrem einfach, wat och ëmmer d‘Produit vu LuxTrust ass. Duerch eng éischt Identifikatioun duerch Tan Card, (eng Kaart di automatesch vum Sigi un all Haushälter verschéckt gouf) ass et méiglech, dës Kaart mat dem LuxTrust Token ze synchroniséieren (oder mat all aner LuxTrust Produiten). All déi Umeldungen di dono kommen, kenne mat engem eenzege LuxTrust Produit gemaach ginn. Fir de Moment si schonns 88.000 Tan Card [Kaarten] un déi verschidden Haushälter am Land geschéckt ginn.
Vu Januar 2012 un, erlaabt en zweete macommune.lu télé-service den Abonnenten, iwwert déi éischt Identifikatioun eraus, hier administrativ Demarchen mat hirem LuxTrust Produit elektronesch online z‘ënnerschreiwen.
D’Déngschtleeschtunge via LuxTrust stinn an Zukunft a méi wéi 55 Gemenge mat enger Populatioun vu méi wéi 260.000 Bierger zu Verfügung.
Et ass ze bemierken dat haut schonns 120.000 Persounen d’Produiten vu LuxTrust dagdeeglech benotzen, virun allem am Zesummenhang mat Banken a staatlechen Applikatiounen. Dës Produiten sinn multiapplicable well een eenzege Produit geet duer fir Zougank ze kréien fir eng Vilfalt vun Déngschtleeschtungen, egal ob staatlech, bancaire oder elo och kommunal.
Während der Introduktiounsphase vu LuxTrust kënnen d’Benotzer vu macommune.lu sech fir weider Froen un d’Mataarbechter vum SIGI wenden oder sech d‘Videoserklärungen op www.macommune.lu ukucken.
Matgedeelt vum Wirtschafts- an Aussenhandels Ministère a vum Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique.
Marc Lies, Buergermeeschter

80% vun der Bevölkerung huet en Internetzougang doheem, iwwer Computer, mä och ëmmer méi oft iwwert en Handy ("iPhone", asw.) oder eng Tablette ("iPad", asw.). Duerch d'Servicer vu "macommune.lu" an d'enk Mataarbecht vun de Gemengebeamten, kënne d'Awunner vun Hesper ëmmer méi administrativ Formalitéiten erleedegen ouni sech ze déplacéieren.
De Fait datt méi wéi 760 Persounen d'SMSen déi vun der Gemeng diffuséiert ginn (Service "sms2citizen") abonnéiert hunn, ass och e Beweis dofir datt de Succès vun dëser Initiativ ëmmer méi grouss gëtt.
Fir dësen Artikel komplett ze liesen, kuckt SIGIview, Editioun 2-2011
Alex Bodry, Buergermeechter

De Bäitrëtt zum Projet macommune.lu hänkt mat der fundamentaler Aarbecht vun Diddeleng zesummen, fir d'Servicer fir de Public ze reforméieren, den Zougang dozou an d'Perceptioun ze vereinfachen (de "Biergercenter"). Duerch den Internet erméiglecht dësen Zougang zu der Gemeng Relatiounen déi manner Zäit brauchen (administrativ Démarchen online), méi eng grouss Transparenz vun den Affairen an der Gemeng an eng besser Partizipatioun.
Säit 8 Joer organiséiert Diddeleng Coursen iwwert d'Benotzung vun der Informatik a vum Internet. Zweedausend Zertifikaë goufen un d'Bierger vun der Gemeng, déi un de Coursen deelgeholl hunn, ausgestallt. Diddeleng wäert dës Aktioun weider organiséiere fir d'Benotzung vu "macommune.lu" a vun den neien Technologien am Allgemenge méi einfach ze maachen.
Wat d'Aarbecht vun der Gemengeverwaltung ubelaangt, minimiséiert d'Zesummenaarbecht iwwer "SharePoint" d'Délaie vun den Äntwerte vun de Gemengebeamten. No enger Formatioun fir dëse Programm, beherrsche si hir Aktivitéite besser.
Fir dësen Artikel komplett ze liesen, kuckt SigiVIEW, Editioun 1-2011