Heefeg gestallte Froen (FAQ) an Hëllef
D’heefeg gestallte Froen erweideren
Zéckt net, Är Fro ze schécken, fir dës “FAQ” ze erweideren. Merci am Viraus fir Är Mataarbecht.
E Wuert an den heefeg gestallte Froen sichen
Esou kënnt Dir eng Fro sichen:
- Iwwert den alphabeteschen Index hei ënnendrënner
- Oder andeems Dir d’Funktioun “Recherche” an Ärem Browser (Versioun > Sichen) op dëser Säit benotzt
Alphabeteschen Index
- Aktivéierung vun der TAN Card
- Anmeldung, Anmeldeformular
- Authentifizierung
- Behördengänge (Teledienste, Online-Formulare, Finanzstatus)
- Browser
- Computer, PC
- Formulare
- Fotos, Videos
- Geistiges Eigentum und Urheberrechte
- Gemeinde: Ist meine Gemeinde online?
- Guichet, „de Guichet” (Bürger, Unternehmen)
- Handy (Mobiltelefon)
- Hilfe, Notfall
- Kostenloser Dienst
- Luxemburg-Stadt (Gemeinde)
- PC (siehe „Computer”)
- Persönliche Anmeldung
- RSS oder RSS-Feeds
- Schutz der personenbezogenen Daten (Privacy)
- Sicherheit
- SMS, sms2citizen
- Startseite von MaCommune.lu
- Tablet
- TAN Card
- Terminkalender, Aktuelles
- Videos
- Zugang
Accès
Et ginn dräi Accès-Méiglechkeeten.
D’entspriechend Rechter sinn déi folgend:
Anonym
Dir gitt op de Site http://www.macommune.lu/, mä ouni Ären Numm, Äre Login unzeginn. Dir sidd anonym. Dës Mentioun schéngt uewe riets um Ecran op. Dir hutt just Accès op ëffentlech Informatiounen, Fotoen, Videoen, mä net op administrativ Online-Démarchen, Är finanziell Situatioun, Fore mat de gewielte Vertrieder, Matbierger oder Gemengefonctionnairen.
Dir kënnt awer e Message iwwer Kontaktéiert eis schécken.
Identifizéiert (och Identifikatioun kucken)
Dir gitt Äre Login (E-Mail-Adress) an Äert Passwuert un. Dir hutt op Accès op all d’Informatiounsrubriken, op d’Fotoen a Videoen. Bei Ärer nächster Visite an dëser Rubrik ass de Choix vun der Gemeng gespäichert an Dir musst en net nach eng Kéier aginn.
Authentifizéiert (och Authentifikatioun kucken)
Dir gitt Äre Login (E-Mail-Adress) an Äert Passwuert un, mä och eng Tancard-Referenz. Dir hutt duerno Accès op all d’Servicer vu “macommune.lu”:
administrativ Online-Démarchen, Accès op Är finanziell Situatioun, Online-Paiement vun Äre Facturen an och d’Méiglechkeet, Iech an engem Forum mat Äre gewielte Vertrieder, Matbierger oder Gemengefonctionnairen, etc. auszetauschen.
Fir authentifizéiert ze sinn, muss een deemno eng TAN Card hunn. Dës Kaart, déi op den Numm vum Chef de famille ausgestallt gëtt, gëtt Iech vun Ärer Gemeng mat der Post geschéckt. Soubal Är TANCARD aktivéiert ass, kennt Dir Iech mat enger LUXTRUST-Kaart authentifizéieren.
Wann Dir Är TANCARD net kritt hutt, kontaktéiert w.e.g. de Populatiounsbüro vun Ärer Gemeng oder gitt dohinner fir eng TANCARD ze kréien.
Accueil vu MaCommune.lu
D’Startsäit
Dës Säit gëtt ugewisen, wann Dir d’Adress http://www.macommune.lu/ an Äre Browser aginn hutt.
Si ëmfaasst:
- Eng Entête: Logo macommune.lu, Motto-Devise vum Service, Foto vun enger Famill, Wiel vun der Sprooch
- En Haaptdeel
- Eng Fousszeil (jee no Gréisst vun Ärem Ecran kann et sinn, dass Dir de vertikale Cursor musst no ënnen op d’Säit erofzéien) mat de Mentiounen: Hëllef, FAQ, Kontakt, Allgemeng Benotzungskonditiounen, Internet-Sécherheet – bewährt Praktiken, nëtzlech Lienen, Impressum (Editeur vum Site).
MaCommune.lu als Startsäit beim Opmaache vun Ärem Browser festleeën
Internet Explorer
- Op http://www.macommune.lu/
- Klickt op de Menü “Extras” uewen am Browser
- Wielt "Internetoptiounen" an duerno d’Registerkaart “Allgemeng” aus
- Klickt ënner "Startsäit" op “Aktuell Säit”
- Klickt op “OK”, fir ze späicheren
Google Chrome
- Op http://www.macommune.lu/
- Klickt op d’Ikon a Form vun engem Schlëssel an duerno op "Optiounen"
- Ënnert der Registerkaart "Basisoptiounen" wielt “Déi folgend Säiten opmaachen” aus
- Klickt op "Aktuell Säit"
- Klickt op “Zoumaachen”, fir ze späicheren
Mozilla Firefox
- Op http://www.macommune.lu/
- Klickt op de Menü “Extras” uewen am Browser
- Wielt "Astellungen" aus
- Ënnert der Registerkaart "Allgemeng" wielt "Startsäit affichéieren" fir "Beim Start vu Firefox" aus
- Klickt op "Aktuell Säit"
- Klickt op "OK", fir ze späicheren
oder
- Op http://www.macommune.lu/
- Zitt d’Ikon Macommune.lu op de Knäppchen "Startsäit", wéi uewen op der Säit beschriwwen
- Fir ze confirméieren, klickt op "Jo" an der Fënster, déi opgeet
- Klickt op "Dëse Message an Zukunft net méi uweisen"
Apple Safari
- Op http://www.macommune.lu/
- Klickt op de Menü "Safari" uewen an Browser
- Klickt op "Präferenzen" an duerno op d’Registerkaart "Allgemeng"
- Wielt "D’Startsäit" fir "All d’nei Fënsteren mat" aus
- Klickt op "D’aktiv Säit benotzen"
- Maacht d’Fënster zou
Opera
- Op http://www.macommune.lu/
- Klickt op de Menü "Opera" uewen an Browser
- Klickt op "Präferenzen" an duerno op d’Registerkaart "Allgemeng"
- Wielt "Mat der Startsäit starten" fir "Start" aus
- Klickt op "Déi aktuell benotzen"
- Klickt op "OK", fir ze späicheren
Agenda, Aktualitéit
MaCommune.lu bitt vill Informatiounen, Aktualitéiten op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch... Dank vun “Filteren” kënnt Dir eng Grupp vun dëse Nouvellen auswielen.

Authentifikatioun
Wann Dir schonn ageschriwwe (“Aschreiwung” kucken) sidd, autoriséiert Iech dës Säit an Äre private Beräich vum Site MaCommune.lu ze goen.
Dës Prozedur huet als Zil, Är perséinlech Donnéeën ze schützen.
Gemeng: Ass meng Gemeng online?
Méi wéi 200.000 Bierger si scho bei MaCommune.lu ugemellt. Mä et ka sinn, dass Är Gemeng nach net am Internet disponibel ass.
An dësem Fall soe mir Iech Merci, dass Dir eis e Message iwwert de Kontaktformulaire schéckt.
D’grouss Stater Gemeng huet en eegene Site.
Administrativ Démarchen (Téléservicer, Online-Formulairen, finanziell Situatioun)
MaCommune.lu bitt vill Méiglechkeeten, fir administrativ Démarchen online auszefëllen, ouni sech mussen ze deplacéieren.
Wann Dir Iech während der Connexioun mam Service identifizéiert an authentifizéiert hutt, ginn Är perséinlech Informatiounen automatesch an den elektronesche Formulaire agedroen.
En Erklärungsvideo ass op youtu.be/BDi3stHfIAA disponibel.
Perséinlech Umeldung
De Site MaCommune.lu kann ouni Identifikatioun oder Passwuert besicht ginn.
Wann Dir vun de Méiglechkeete profitéiere wëllt, fir Démarchen oder Paiementer online ze maachen, Är finanziell Situatioun ze consultéieren oder mat gewielte Vertrieder, Gemengefonctionnairen oder Äre Matbierger ze diskutéieren... musst Dir Iech umellen. No dëser Prozedur ass et der Gemeng méiglech, d’Démarchen z’authentifizéieren a sécherzegoen, wéi eng si Iech erausgëtt.
Explikativ Videoen:
Formulairen
Kuckt och:
E gratis Service
MaCommune.lu ass e gratis Service.
Passt allerdéngs op d’Telekommunikatiounsfraisen op, wann Dir aus dem Ausland via eng Internet-Telefonsverbindung op “macommune.lu” gitt. Mir roden Iech vun dëser Accèsmethod of. Besser ass et, eng WiFi-Verbindung (oder en HotSpot) ze fannen, déi manner deier ass.
Guichet, “de Guichet” (Bierger, Entreprisen)
De Site „de Guichet“ bitt de Bierger vill Informatiounen iwwer allgemeng Informatiounen an administrativ Démarchen.
D’Informatioune sinn och op Däitsch an Englesch disponibel.
Recommandatiounen:
Äert Passwuert muss mindestens 8 Zeechen hunn, dovun op d’mannst eng Zuel, e grousse Buschtaf an klenge Buschtaf.
Liest d’Rotschléi vum offizielle Portal iwwert Informatiounssécherheet (CASES), zum Beispill, fir d’Soliditéit vun Ärem Passwuert ze testen.
Gitt och Är Handynummer un. Se gëtt benotzt, fir Iech SMS (kuckt SMS2citizen) ze schécken.
Mir roden Iech, d’Case “Ech autoriséiere Macommune.lu, mir Notifikatioune per E-Mail ze schécken” unzeklicken.
Bei Captcha handelt et sech ëm e Code, deen Automaten net entziffere kënnen. E soll de Site MaCommune.lu viru Malware-Programmer schützen.
Dir musst d’Allgemeng Benotzungskonditiounen (CGU) liesen, déi op dëser Adress disponibel sinn: www.macommune.lu/fr-LU/benotzungsbedingungen.
Wann Dir um Enn vum Formulaire op de Knäppchen “Ech akzeptéieren” klickt, certifiéiert Dir, dass Dir dës CGU zur Kenntnis geholl hutt.
Stad Lëtzebuerg (Gemeng)
D’Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg ass net op MaCommune.lu disponibel.
Allerdéngs goufe Linken tëschent MaCommune.lu an dem Site vun der Haaptstad ageriicht.
Browseren
MaCommune.lu funktionéiert mat all Browser: Microsoft Explorer, Apple Safari, Mozilla Firefox, Google Chrome, Opera, fir just déi heefegst ze nennen. Normalerweis ass scho beim Kaf vun Ärem Computer e Browser installéiert, mä Dir kënnt awer och e weideren installéieren.
Recommandatiounen:
Favoriten, Liesezeechen, Bookmarks:
MaCommune.lu réit Iech, d’Adress "http://www.macommune.lu" an Är Favoriten, Liesezeechen oder Bookmarks opzehuelen (jee no Browser variéiert den Numm vun dësem Enregistrement).
PC, Computer
All Computer mat engem Internetaccès ka mat all Browser (Explorer, Safari, Chrome, etc.) an all Betribssystem (Windows, MacOS, Linux) benotzt ginn.
PC (kucken “Computer”)
Fotoen, Videoen
Fir just déi Fotoen ze selectionéieren, déi Iech interesséieren, sicht w.e.g. ënnert dem Eintrag “Videoen” no de “Filteren”, déi Iech dëst erlaben:
- Quell/Auteur
- Thema/Sujet, Fro “wat?”
- Uert, Fro “wou?”
- Period, Fro “wéini?”
Geeschtegen Eegentum an Droits d’auteur
Um Site CASES gëtt op d'Legislatioun, déi zu Lëtzebuerg gülteg ass, opmierksam gemaach.
Schutz vun de perséinlechen Donnéeën (Privacy)
Är perséinlech Donnéeë si geschützt. Um Site vu CASES fannt Dir d’Legislatioun, déi zu Lëtzebuerg gülteg ass a virun allem d’Gesetz iwwert de Schutz vu perséinlechen Donnéeën (loi sur la protection des données à caractère personnel), notamment an den Artikelen 22 an 23.
Konform mat dem den 2. August 2002 geännerte Gesetz iwwert de Schutz vu Persounen hisiichtlech dem Traitement vu perséinlechen Donnéeën hutt Dir e Recht drop, op Är Donnéeën zréckzegräifen, dës ze korrigéieren oder spären ze loossen. Fir dëst Recht auszeüben, kënnt Dir Iech un de Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique (SIGI) wennen, andeems Dir eng Demande anhand vum folgende Formulaire maacht.
RSS, RSS-Feeds
En RSS-Fichier gëtt vum Site un all d’Abonnente geschéckt, déi heimat automatesch avertéiert ginn, wann eng nei Informatioun disponibel ass.
Recommandatioun:
D’Opmaache vun engem gratis Kont bei Google ass virun allem praktesch, fir sech op RSS-Feeds ze abonnéieren a se ze klasséieren. Kuckt op https://accounts.google.com/NewAccount
Hëllef, Noutfäll
De Site 112.public.lu ass d’offiziellt Portal vum Groussherzogtem Lëtzebuerg. Et gëtt geroden, en opmierksam ze liesen, fir am Fall vun ongeplanten Urgencen richteg ze handelen.
Sécherheet
Internet: Den offizielle Site bee.secure.lu gëtt gutt Rotschléi iwwert d’Benotze vum Internet fir Kanner, Jugendlecher, Elteren, etc.
Physesch Sécherheet: De Site vun der lëtzebuergescher Police beréit Iech, wat d’Preventioun ugeet, a gëtt Iech vill praktesch Informatiounen.
SMS, sms2citizen
Mam Service sms2citizen schéckt d’Gemeng Iech SMS op Ären Handy. Dir kritt kuerz Informatiounen iwwer déi Themen, déi Dir ausgewielt hutt.
All Handy kann SMS kréien.
Tablet
Den Ecran vun Tablet-Computere wéi dem Apple iPad oder dem Samsung Galaxy Tab ass méi grouss wéi dee vun Handyen. Si ze benotzen, fir am Internet ze surfen, ass eng Alternativ zu engem portabele PC.
Eng App MaCommune.lu ka ka gratis fir den iPad erofgeluede ginn. An deemnächst och fir Tablet-Computeren, déi mat Android funktionéieren.
TAN Card
D'TAN Card ass eng kleng Kaart esou grouss wéi eng Kreditkaart.
Fir Är TAN Card ze aktivéieren: youtu.be/bQ-yZsarRIE
Nodeems Äre Kont aktivéiert ginn ass, authentifizéiert si Iech an assuréiert, dass Är Online-Echangë mat MaCommune.lu vertraulech sinn.
Si gëtt perséinlech op de Chef de famille ausgestallt an Iech per Post heem geschéckt.
Esou gesäit se aus. Ären Numm steet net drop. Esou gëtt de Risiko limitéiert, dass drëtt Persounen ze benotzen am Fall, wou Dir se verléiert. Wann Dir Iech umellt, gitt Dir no Ärer E-Mail-Adress gefrot, déi als Äre Login gëllt.
Wann Dir Är TAN Card verluer hutt oder se geklaut krut, informéiert w.e.g. Är Gemeng oder gitt dohinner fir eng nei TAN Card ze kréien.
Aktivéierung vun der TAN Card
Wann Dir schon am Besëtz vun engem Macommune.lu-Konto (E-Mail-Adress an Passwuerd) sidd, déen Dir op där aaler Versioun créeiert hudd, dann klickt op den ënnenstoenden Link:
https://activate.macommune.lu
Gidd Är E-Mail-Adress an d’Passwuerd an. Dorops hin kënnt Dir Är TAN Card aktivéieren.
Mobilen Telefon (Handy, GSM)
Wann Dir e mobilen Telefon mat Internetaccès hutt, kënnt Dir natierlech och op MaCommune.lu surfen. Jee no Abonnement bei Ärem Provider sinn d’Telekommunikatiounsfraisen zu Lëtzebuerg net héich. Allerdéngs kann et am Ausland deier ginn. Kuckt ënner “Gratis”.
Wann Dir doheem sidd an e WiFi-Accès hutt, oder ënnerwee bei engem WiFi-Netz oder engem Hotspot sidd, dann ass et besser, dës Method ze benotzen, fir op de Site ze goen.
En einfache mobilen Telefon, deen et fir e puer Euro an engem Abonnement gëtt, kann de Service sms2citizen benotzen. Dir kritt dann SMS oder Textnoriichten (kuckt ënner “SMS”).
Recommandatiounen:
E portabelen Telefon oder “Smartphone” huet méi e groussen Ecran a seng Ergonomie ass besser.
De Marché vun de Smartphones ass ënnerdeelt an den iPhone, a mobil Telefonen, déi mam Betribssystem Android funktionéieren.
Eng MaCommune.lu-App ka gratis fir den iPhone erofgeluede ginn. An deemnächst och fir Smartphones, déi mat Android funktionéieren.
SMS, sms2citizen
De Service sms2citizen erlaabt Iech, kuerz Messagen ze kréien, déi Iech Är Gemeng fir Theme schéckt, déi Dir ausgewielt hutt.
All portabelen Telefon kann SMS kréien.
Vergiesst net, Är Handysnummer unzeginn, wann Dir Iech op MaCommune.lu registréiert.
Videoen
Dir hutt 4 Filter zur Verfügung, fir just déi auszewielen, déi Iech interesséieren:

- En éischten op der lénkser Säit fir d’”Quell”, zum Beispill RTL, d’Police oder Är Gemeng
- Den zweeten ass d’Thema, de Sujet
- Den drëtten ass fir den Uert
- De leschten ass fir d’Period