Hëllef Démarchen

Dir sidd identifizéiert an authentifizéiert

Dir hutt als eenzegen Zougang zu dëser Rubrik mat Ärer TAN Card. Geschwë wäerten och Identifikatiounen an Authentifikatiounen iwwer LuxTrust méiglech sinn.

Wann Dir op de Menüpunkt „Démarchen“ klickt, kommt Dir an d'Rubrik vun den administrativen Démarchë vun Ärer Gemeng. Dir hutt och Zougang zu Ärem Konto (Ufroen, déi Dir scho gemaach hutt oder déi um Lafe sinn, Är finanziell Situatioun vis-à-vis vun der Gemeng) an Dir kënnt Är Rechnungen online bezuelen.

Accueil am online-Guichet vun Ärer Gemeng

D'administrativ Démarchë sinn zu all Moment méiglech, souguer ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun de Servicer vun der Gemeng, och de Weekend an op Feierdeeg.

Verschidden Démarchë kënne komplett, vun Ufank bis Enn, online gemaach ginn.

Fir aner Démarchë gëtt et dës Méiglechkeet nach net, mä Dir kënnt de Formulaire, deen Dir dofir braucht, eroflueden, ausdrécken, ausfëllen an en dann op Är Gemeng droen oder per Post schécken.

De Menü vun den administrativen Démarchen

Véier Zorten Démarchë fir:

  • Meng Wunneng
  • Mäi Stot
  • Meng Chèques-Service (CSA)
  • Mäi Liewen als Bierger an der Gemeng

An zousätzlech nach de Stand vu mengen Ufroen, vu menge Rechnungen... also „Mäi Konto“ mat der Méiglechkeet, online ze bezuelen.

D'Démarchen, déi online kënne gemaach ginn, si vu Gemeng zu Gemeng verschidden. Fir all Zort vun Démarche ass et entweder méiglech

  • d'Ufro um Computer auszefëllen a se vun Ufank bis Enn zu verfollegen,
  • oder de Formulaire mat virgedréckten Informatiounen erofzelueden, doheem auszedrécken an auszefëllen.

Déi éischt Méiglechkeet ass duerch e klengt Rechteck mat Strécher oder Linne gekennzeechent, déi zweet duerch en "U" mat engem klenge Feil no ënnen.

Beispiller

An der Rubrik „Populatioun“: D'Démarche, fir en „Zollfräiheetscertificat“ ze kréien, ass eng administrativ Prozedur, déi komplett online ka gemaach ginn.

An der Rubrik „Walen“: D'„Aschreiwung fir Bréifwal“ ass e Formulaire an deem Ären Numm schonn agefëllt ass, mä deen Dir nach musst ausdrécken a fäerdeg ausfëllen, ier Dir e per Post schéckt oder bei der Gemeng ofgitt.